News

ADHS-Problematik an eise Schoulen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

An eise Schoulen falen ëmmer méi heefeg Kanner mat Verhalenstéierungen op. Genee Statistiken zu dësem Phänomen gëtt et, wéi a sou ville Fäll zu Lëtzebuerg, leider net. Gewosst ass just, datt déi betraffen Elteren a Léierpersounen sech dacks mat dësem Problem eleng gelooss spieren. Net all Kand, dat eng Verhalensstéierung opweist, huet ADHS, dat heescht eng Aufmerksamkeitsdefizit- bzw. Hyperaktivitéitsstéierung, wéi dat an der Fachsprooch heescht. Verhalensstéierunge kënnen och op Problemer an der Famill zréckzeféiere sinn oder hu mat Ängschten ze dinn, déi ee Kand net aleng bewältegt kritt.

ADHS ass kee neie Phänomen. Dass ADHS awer als Stéierung diagnostizéiert an och deementspriechend behandelt gëtt, ass eng éischter rezent Entwécklung. ADHS betrëfft normalerweis Kanner am Alter tëscht 4 a 16 Joer. Et kann een dovunner ausgoen, datt tëscht 3 a 6% vun alle Schoulkanner am Alter tëscht 4 a 16 Joer betraff sinn.

Och wa sech ADHS dacks scho méi fréi bemierkbar mécht, esou gëtt dës Stéierung awer eréicht am schoulesche Kontext zu engem gréissere Problem. Fir dat betraffe Kand, fir seng Elteren a seng Famill, fir seng Matschüler a fir d’Léierpersonal.

Aus medizinischer Siicht soll ADHS näischt anescht wéi eng genetesch bedingten, also ugebuere Stoffwiesselstéierung am Gehier sinn, déi zu Konzentratiounsschieregkeete féiert. D’Kontroll iwwer sech selwer gëtt a Fro gestallt. Déi primär Symptomer sinn Opmierksamkeetsstéierungen, Impulsivitéit an Hyperaktivitéit.

Zu dësen Haaptsymptomer kann een nach Niewesymptomer bäifügen, wéi z. B. Défaillancen an der Feinmotorik. En anert Symptom ass d’Vergiesserlechkeet, also e schlecht Kuerzzäitgediechtnes, wat dozou féiert, datt d’Kand schnell iwwerfuerdert ass.

Hei muss ee ganz kloer betounen, dass dat näischt mat engem niddregen Intelligenzquotient ze dinn huet, mä just mat de Konzequenzen vun ADHS, dat heescht mat der Onfähegkeet fir Informatiounen an Erliewnesser ze verschaffen.

Dozou kënnt, als weidert Symptom, e niddregt Selbstwäertgefill. Wéinst sengem onpassende Verhalen gëtt d’Kand vu senge Schoulkollegen lénks leie gelooss, de Schoulmeeschter muss et zurecht weisen, am Schoulhaff erwëschen aner Léierpersounen et bei Streidereien. Ët kënnt zum Däiwelskrees. D’Kand huet sech net am Grëff, weess net, datt säi Verhalen vun aneren net kann akzeptéiert ginn. Et weess och net wéi et et soll besser maachen. Dat féiert nees zu Schoulaangscht a dës Aangscht féiert hirersäits rëm zu inadequatem Verhalen.

Opgepasst: Genen erkläeren net alles. Dacks kritt e Kand d’ADHS-Etiquette opgepëscht, ouni awer ADHS ze hunn. Et heescht dofir och den emotionale Kontext ze kucken, besonnesch doheem an der Famill. Et wier ze einfach de Problem alleng um Kand festzemaachen. Well den Zappelphilipp kann och e Produkt vu sengem familiären Ëmfeld sinn. E Kand, dat z. B. keng Beweegung doheem huet, da verschaaft se sech an der Schoul an ass entspriechend onroueg. E Kand, dat doheem nëmme wéineg Opmierksamkeet kritt, da wëll se an der Klass kréien an dat behëllt sech deementspriechend.

Här President,

Wann trotz verhalenstherapeutescher a psychosozialer Agrëff keng Besserung ze verzeechnen ass, da ginn am Fall vun ADHS dacks Medikamenter agesat. Methylphenidat, dat een z. B. am Ritalin rëmfënnt, ass d’Substanz, déi genotzt gëtt. D’Wierkung ass zimmlech kuerz. No 3 bis 5 Stonnen mussen d’Kanner am Laf vun engem Schoulmoien eng zweet Dosis anhuelen. Mëttlerweil gëtt et och Substanzen, déi d’ADHS-Symptomer, virun allem an den éischte sechs Stonnen nom Anhuelen vum Medikament, bremsen. Dëst Präparat ass fir déi betraffe Kanner eng Hëllef, kënnen si dach esou den Untericht an der Schoul besser suivéieren.

Et ginn niewt dem Ritalin och nach aner Medikamenter fir den ADHS ze behandelen. Do wäer ënner anerem de „Concerta“ ze nennen, dee méi eng laang Wirkung huet wéi de Ritalin, deemno also och net esou dacks muss ageholl ginn. Bis elo ass et awer esou, dass dëse Produit net vun der Gesondheetskees rembourséiert gëtt. Firwat eigentlech net? Hei kéint ville betraffene Familljen, déi souwisou schon e finanzielle Kraftakt mussen op sech huelen fir hir Kanner an déi néideg Therapien kënnen ze schécken, séier a wierksam gehollef ginn.

D’Behandlung mat Medikamenter léisst de Problem net an alle Fäll. Et gëtt ëmmer nees Fäll wou ADHS sou évoluéiert, datt et onméiglech gëtt d’Kand an enger normaler Schoulklass ze betreien. D’Léierpersonal ass wuel mat der Problematik vertraut a versicht och meeschtens alles z’ënnerhuelen fir datt dat concernéiert Kand sech weider um Unterricht bedeelege kann, also net direkt an eng aner Institutioun integréiert gëtt.

Duerch ee speziellt Verhale kann d’Léierin oder de Schoulmeeschter gezilt op d’Kand agoen an d’Reizer, mat deenen d’Kand net eens gëtt, reduzéieren. Mir als DP mengen awer, dass et grad an dësem Beräich nach Verbesserungspotential an der Ausbildung vum Léierpersonal gëtt. Duerfir wäer ech frou, wann d’Madame Minister eis géif soen, wéi dëse Problem an Zukunft an der Ausbildung vun den Enseignanten soll ugaange ginn.

An etleche Fäll kann d’Situatioun awer sou staark eskaléieren, datt d’Léierpersonal sech net méi selwer hëllefe kann. De Klima an der Klass riskéiert dee Moment op d’Kopp ze geroden. Ee normalt Schoulhalen ass da net méi méiglech. All Ustrengung fir d’Kand an de Unterricht z’integréieren mëssléngt, sou datt et mat Momenter oder fir méi laang aus der Klass muss rausgeholl ginn.

Spéistens da stellt sech déi nächst Erausfuerderung. Wouhinner mam Kand? An der Famill léist sech de Problem net; och d’Elteren sinn an esou enger Situatioun villfach iwwerfuerdert. Dacks landen dës Kanner an engem Foyer, Jugendlecher kommen a schlëmme Fäll op Dräibuer. Dës Ariichtungen sinn awer net op den Traitement vun ADHS spezialiséiert. Hei kann de Problem also net adequat behandelt ginn.

Et feelt deemno hei am Land u geeegnete Strukturen. Wann een awer weess, datt tëscht 3 a 6% vun de Schoulkanner am Alter tëscht 4 a 16 Joer betraff sinn - dat kënnen dat heizuland graff geschat tëscht 1.000 an 2.000 Kanner respektiv Jugendlecher sinn - da kann een där dote Situatioun net einfach nokucken. Iwwregens: mir sinn eent vun deene wéinege Länner, dat kaum iwwer statistesch Erhiewungen zu deem doten Thema verfügt.

Et heescht also Léisungen ze sichen, déi nohalteg sinn. Déi betraffen Elteren a Kanner brauchen d’Begleedung vu kompetente Spezialisten. Et kann net sinn, datt mer schwiereg Fäll einfach op d’Ausland ofwälzen. Dat léisst souwisou d’Fäll net alleguer an doriwwer eraus rappt et Elteren a Kanner räimlech auserneen, wat zu weidere Problemer féiert. Ofgesinn vun der raimlecher Trennung vun de Kanner an hiren Elteren stellt sech och d’Fro vum Käschtepunkt, wann ee weess, dass eng Ënnerbréngung am Ausland an der Moyenne bis zu 5.000 € kascht.

Mir als Demokratesch Partei verlaangen dofir net nëmmen eng breet Debatt iwwer d’ADHS-Problematik an den Ëmgang domat, mir appeléieren doriwwer eraus och un déi zoustänneg Ministären fir endlech aktiv ze ginn a geeegent Strukturen op d’Been ze stellen, respektiv, dass bestehend Strukturen wéi de Centre thérapeutique zu Zolwer an d’Ariichtung vun der Croix Rouge zu Bierg, déi eng excellent Aarbecht maachen, awer nëmmen iwwer e Grapp voll Therapieplazen verfügen, ausgebaut ginn. Wuelwëssend, dass mir hei zu Lëtzebuerg net alles alleng kënne maachen, kéint een an der Groussregioun eng enspriechend Institutioun op d’Been stellen. Ähnlech wéi bäi deem vun der Madame Brasseur initéierte Schengen-Lycée. Et heescht och, datt mer bestehend Zervisser wéi zum Beispill déi ambulant Pedopsychiatrie an der Kannerklinik dezentraliséieren. Mir bräichten och sou een Zerviss zu Ettelbréck am Centre Hospitalier du Nord. Ët drängt sech och eng Dezentralisatioun vun der Familljentherapie, déi enk mat der Schoul zesummeschaffe muss, op

Ech froen dofir d’Ministerinnen fir Famill a fir d’Schoul ob si bereet sinn op dëse Wee ze goen. Wat fir Mesüre goufe biswell ergraff fir no Léisungen ze sichen? Wat fir eng Studien goufen iwwer dëse Phänomen heizuland gemeet? A wat fir engem Zäitraum kënnen geeegent Strukturen entstoen a funktionéieren ? Gëtt dru geduecht de Familljecoaching, wéi e scho vu „FAMILIES FIRST“ gemeet gëtt, auszebauen, fir virun allem sou mannerbemëttelte Famillen eng Chance ze ginn aus dem Chaos an der Iwwerfuederung erauszefannen? Froen iwwer Froen, déi vun den zoustännege staatlechen Instanzen opgegraff musse ginn, fir deene betraffene Familljen ze hëllefen, déi sech net méi selwer hëllefe kënnen.

Ech soen Iech Merci fir d’Opmierksamkeet.




André Bauler

11.3.2010